top of page

D’ËMWELT ASS EIS WICHTIG

Beton ass nohalteg

Als Familljebetrib si mir eis deeglech der Verantwortung bewosst, déi mir vis-à-vis vun eise Mataarbechter, Clienten an der Ëmwelt hunn. Mir sinn an eiser Heemecht, dem Lëtzebuerger Norden, fest verankert a mir wëllen, dass eis Landschaft och fir déi nächst Generatiounen sou attraktiv a gesond bleift, wéi se haut ass.

​

Eng intakt Ëmwelt ass duerfir eng wichteg Viraussetzung.  

 

Mir schounen eis Ëmwelt op vill Aart a Weisen, hannerfroen eis Aarbechtsprozesser a gestalten se méiglechst effektiv a ressourcëschounend. Mir setze bewosst op Energieaspuerung a Reduzéierung vum CO2. Dëst erreeche mir duerch d'Moderniséierung vun eise Gefierer, wou mir Emissioune reduzéieren an de Verbrauch vu Bensinn an Diesel senken. Dës Weidere setze mir op Photovoltaik an E-Mobilitéit.  

 

Waasser ass eis wäertvollst Ressource; mir fänken d’Reewaasser op, fir dass mir et bei der Betonsproduktioun a beim Recyclingsprozess benotze kënnen. Drénkwaasser gehéiert an d'Glas an net an de Beton.

​

Eist Haaptasazgebitt ass de Lëtzebuerger Norden, sou vermeide mir laang Strecken op d‘Baustellen.

 

Ëmweltschutz ass villfälteg, mir integréieren en all Dag an eis geschäftlech Ofleef a setzen intensiv op Recycling. De Recycling vu Baumaterialien ass bei eis selbstverständlech. Ween Ofbrochmaterial weiderverwäerte kann, bedreift aktiven Ëmweltschutz. 

MIR LAUSCHTEREN OP EIS 
ËMWELT!

Wann Dir Froen zu deem Thema hutt, kontaktéiert eis.

BETONRECYCLING

Een zweet Liewen

Am Hierscht 2014 goung eis modern Betonsrecyclingsanlag a Betrib. 

 

Eise Wonsch war, eis wäertvollst Ressource, d'Waasser, ze spueren an ze erhalen. Duerch déi Anlag si mir an der Lag, fir de Reschtbeton an och d'Wäschwaasser vun de Betonscamione rëm propper ze kréien a se weiderzeverwenden. Dobäi ginn an engem éischte Schratt Kies, Sand an Zementschlamm getrennt. Um Enn vun dëser Prozedur ginn de Kies an de Sand rëm fir d'Betonsproduktioun verwent.

 

An engem zweete Schratt gëtt den Zementschlamm mat Héichdrock duerch eng Filteranlag gepresst, woubäi d'Waasser komplett vun den Zementpartikele getrennt gëtt  an als Spullwaasser ëmmer rëm ka verwennt ginn.

 

Eng aner Form vu Recycling fënnt beim Ofrappe vun Haiser statt. D’Baumaterial gëtt concasséiert a gesift a kann sou z. B. beim Stroossebau als Fëllmaterial gebraucht ginn.

 

Sou erhält de Beton a verschidde Formen een zweet Liewen. Dat ass nohalteg a setzt Zeeche géint den onnéidege Verbrauch vu wäertvolle Ressourcen.

Recycling

EISE STEEBROCH

Kuerz Strecken

An eisem Steebroch an der Géigend vu Léiler (Lieler) recuperéiere mir Steng, déi een " Grauwacke " an " Hasselter " nennt. Do produzéiere mir dann och mat eisem mobille Concasser Schëtter fir de Stroossen- an Déifbau.

Déi Steng kommen och beim Bau vun dréchene Maueren a bei Hangbefestegungen an den Asaz.

Déi blo-gro a brong Faarwen erginn en attraktivt Bild, d’Festegkeet garantéiert haltbar Alentouren an dat fir Generatiounen.

 

Natursteng iwwer wäit Strecken ze transportéiere belaascht d’Ëmwelt, Steng aus eegener Produktioun suerge fir kuerz Weeër an der Uschafung a reduzéieren den CO2-Ausstouss.

Steinbruch
IMG_2666_kl.jpg
bottom of page