top of page

ÄRE 
BETON
SPEZIALIST

 

IWWER EIS

D'Firma Weber et Cie S.àr.l. stellt sech vir

D'Firma Weber et Cie S.à r.l. gouf am Joer 1931 vum Nicolas Weber gegrënnt. Mat den zwee einfache Grondwäerter " Qualitéit an Traditioun " virun Aen, huet den Nic. Weber d'Basis fir e laangjäregen Erfolleg geschaaft, dee lo scho säit 4 Generatioune besteet. Genau dës zwee Grondwäerter fënnt een am Logo vun der Firma erëm. Dëse besteet aus 2 Kreepercher, déi d'Grondwäerter an d'Philosophie vun der Firma erëmspigelen.

 

Am Laf vun de Joren huet d'Firma sech erweidert an ass haut an enger ganzer Rei vun Servicer täteg. D'Schwéierpunkte leien awer haaptsächlech am Déif- a Stroossebau, dem Gaart- a Landschaftsbau an an der Produktioun a Liwwerung vu Beton. 

​

Obwuel d'Firma Weber et Cie sech dauernd moderniséiert, bleift se nach ëmmer ee klassesche Familljebetrib. Ënnert den 99 Mataarbechter kennt jidderee sech; dëst féiert zu engem angeneemen a frëndlechen Aarbechtsklima.

​

Wann Dir méi Informatiounen iwwert eis Wäerter, Produkter a Servicer wëllt kréien, dann zéckt net eis unzeruffen.

bottom of page